Lucan – Jonk Fuerscher Contest 2021

Publié le 18/05/2021

A schonn erëm huet ee vun eise Schüler bei engem nationale Concours e ganz gutt Resultat gemaach. De Lucan vun der 2GA3D huet un der 50. Editioun vum nationale Jonk Fuerscher Contest 2021 deelgeholl, als ee vun 44 Participanten mat insgesamt 31 Projeten an dësem Joer. Dëse Concours dréit sech ëm all Beräicher vun der Wëssenschaft: Biologie, Physik, Chimie, Ingenieur, IT, Mathematik. Wéinst COVID-19 huet ee säi Projet virun enger Jury wärend engem Live Stream musse presentéieren, dëst awer eréischt no der Iwwerpréiwung an der Akzeptanz vum Dossier. De Concours, deen zwee Deeg gedauert huet, war iwwer eng virtuell Plattform och en Austauschportal fir mat internationale Participanten ze kommunizéieren.
Als Präis fir säi Projet “Leuchtfenster” kritt de Lucan d’Geleeënheet fir bei “PerspektivForum Karrierewege – Jugend forscht: Sponsored by Jugend forscht & FJSL” matzemaachen. Mir felicitéieren dem Lucan fir säi gutt Ofschneide bei dësem Concours.