LTS Game Event 2021
Publié le 23/03/2021Um LTS Game Event 2021 hunn 33 Ekippen matgemaach, dorënner och 4 Teams aus dem LJBM. 
An déi hu ganz gutt ofgeschnidden:
D’Spill « Matter of Perspective » vum Roy Steffen, Tiffany Schweitzer a Bar Holzapfel-Mantin huet am General déi 1. PLAZ 
beluegt a soumat huet d’Ekipp en zolitte Geldpräis gewonnen.
D’Spill « Defender of Disaster » vum Benjamin Vogel, Anton Navez, Olivier Huberty huet sech op Plaz 6 klasséiert, krut awer de SPECIAL AWARD: Best Community Game. 

Weiderhin um Start waren nach d’Spiller « Human vs. Virus » vum Eleonor Dutkiewicz, Alexandra Kontz a Sophie Lorang souwéi de « Riven’s Rise » vum Oliver Sitz a Federico Colavitti.
Mir felicitéieren alle Schüler fir hier fantastesch Aarbecht! 




Matter of Perspective :
Defender of Disaster :
Human vs Virus :
Riven’s Rise :
De ganze Video ass hei ze fannen:



