LJBM Theaterowend – Back on stage!

Publié le 17/05/2024

Den 3. Mee konnten d’Schüler vum Theatergrupp, vun der 5C1 a vun der Optioun Theater no e puer Joer Paus rëm sou richteg aus sech rausgoen a si hunn och wierklech alles ginn. Et war sécher net ëmmer einfach, d’Opreegung an de Grëff ze kréien, mee si hunn dat immens gutt gemeeschtert a kënnen houfereg sinn op hir Leeschtung! Exigent Vampiren, streidereg al Koppelen, verzweifelt Proffen, duerchdriwwe Kanner, e Mafia-Bopi, eng geckeg Bomi… Et war jiddefalls e lëschtegen Owend mat engem ganz schéine musikaleschen Encadrement vum Här Bonifas an dem Här Blanc.
Matgespillt hunn d’Alessia M., d’Alessia S., d’Léa B., d’Camille B., d’Eleonor G., d’Eleonore B., de Mahir H., d’Noémie M., d’Ilana D., d’Jay M., d’Sarah F., de Noé B., d’Zoé G., d’Hannah C., d’Margaux G., d’Anna C., d’Judith H., d’Chloé F., d’Abigail H., d’Ella D., d’Lena B. an d’Tiara T. vun de Klasse 7C1, 7G3, 6C1, 6G1, 6G3, 5C1, 5G1, 5G4, 4GPS, 3C-COMED, ënnert der Leedung vun der Madamm Christnach an der Madamm Prim.

 

Résumé de la politique de confidentialité

Ce site web utilise des cookies afin de vous offrir la meilleure expérience d'utilisation possible. Les informations des cookies sont stockées dans votre navigateur et remplissent des fonctions telles que vous reconnaître lorsque vous revenez sur notre site web et aider notre équipe à comprendre quelles sections du site web vous trouvez les plus intéressantes et les plus utiles.