LJBM Science Days 2024, 1. Dag

Publié le 07/03/2024

Dësen Dënschdegmëtten hunn d’Kanner aus dem Cycle 4.1 a 4.2 aus de Gemengen Mamer, Kielen, Habscht, Käerch a Stengefort am Kader vun den LJBM Science Days 2024 e flotten Nomëtteg am Lycée Josy Barthel verbruecht. Ënnert der Uleedung vun den Enseignanten aus dem Departement Biologie an dem Makerspace ass eng Ecosphär, also e Miniatur-Fläschegaart, an enger Luuchtebier ugeluecht ginn. Dës Ecosphär gëtt mat enger LED beliicht.
Déi nächst Seance vun de Science Days ass iwwregens de kommenden Donneschdeg, de 14. Mäerz. Hei ginn et nach e puer fräi Plazen, fir déi ee sech per Email u sciencedays@ljbm.lu nach kann aschreiwen.

 

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 10 secondes