LJBM-SCHÜLER ENTDECKEN BETONS FEIDT

Publié le 02/07/2017

Ons Bautechniker-Schüler vun der T3GC3 kruten den 22. Mäerz 2017 Geleeënheet fir d’Wierk vun Bétons FEIDT am Hafen vun Mäertert kennenzeléieren. D’Visite vum Site huet bei voll lafender Produktioun vun Betonsfärdegelementer (Plattendecken an Duebelwänn) stattfond. D’Schüler konnten sech esou ee präziist Bild maachen vun de Virdeeler vun de prefabrizéierten Betonselementer: Kuerz Bauzäiten, héijen Qualitéitsniveau a Präzisioun am Detail sowéi villfälteg Uwendungen, déi flexibel op individuell Wënsch ugepasst kënnen ginn. D’Schüler vun der T3GC3-Klass waren an der Begleedung vum André Wildschutz.
Mir soen dem Här Daniel Nathem, responsable d’usine, an dem Här Jérôme Vantusso vu Bétons FEIDT Mertert ee grousse Merci fir déi informativ an agreabel Visite. André WILDSCHUTZ – 05/2017

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 20 secondes