LJBM meets JAPANORAMA

Publié le 08/08/2018

Am Kader vum Cours ‘Actualités en génie civil, en construction et en architecture – ACT01’ huet d’T2GC3 eng lescht Visite virun der Chrëschtvakanz organiséiert. Zesumme sinn si an de Centre Pompidou-Metz gefuer, fir do déi japanesch Architektur an de japaneschen Urbanismus vun 1945 bis 2017 kennenzeléieren. Maquetten, Fotoen a Skizze vun de Gebaier vun den Architekten Arata Isozaki, Kenzo Tange, Tadao Ando a vill méi goufen hei gewisen. D‘T2GC3 profitéiert vun dëser Geleeënheet a wënscht Iech all schéi Feierdeeg an ee schéint neit Joer 2018. Roland HERRMANN – 12/2017