LJBM meets IFSB & NEOBUILD

Publié le 02/07/2017

Ons T3GC4-Schüler kruten den 16. Januar 2017 Geleeënheet, fir sech um IFSB aktiv un Workshopen ronderëm d’Thema vum Passivhaus ze bedeelegen an dat neit Gebai vun NEOBUILD zu Beetebuerg z’entdecken. D’Missioun vun Neobuild steet ganz am Zeechen vun der gemeinsamer Entwécklung fir d’Valorisatioun vun engem nohaltegen zukunftsorientéierte Bauen. Dat neit Energieplus-Gebai ënnersträicht dës Entwécklung mat flotten innovativen Konzepter a Materialien voll a ganz. Iwwert eng Trap aus Komposit-Materialien kënnt een iwwert eng gréng Daachterrass mat Solarzellen an eng Serre, um Topfloor, fir den Urban farmer. D’Schüler vun der T3GC4-Klass waren a Begleedung vum Claude Reiter an André Wildschutz. André WILDSCHUTZ – 01/2017

« Aktiv Workshopen am Passivhaus »

« Fit 4 Green Future »

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 10 secondes