L’île – spectacle de théâtre avec la participation des élèves du LJBM

Publié le 18/03/2019

Et war eng grouss Erausfuerderung déi vu jidderengem gemeeschtert gouf – BRAVO! Eisen Asaz an der letzter Woch a virun allem dëse Weekend am Kinnéksbond, souwuel op der Bühn wéi och an der Kichen, huet sech rentéiert.

Mir soen dem Nicolas Givran a sengem Team, dem Jérôme Konen an der ganzer Equipe vum Kinnéksbond an jidderengem Merci, deen un eis gegleeft huet an eis ënnerstëtze komm ass – et war fir eis all eng Berouegung, vertraute Gesiichter bei den Opféierungen dobäi ze hunn.

De Nicolas Givran a säin Team ware begeeschtert, fir si war dëst déi éischte Kéier wou si mat Schülerinnen a Schüler, an dësem Kontext, zesummegeschafft hunn.

Mir sinn iwwerzeegt, datt esou Projeten an Zesummenaarbecht mat nationalen an internationale Kënschtler a natierlech och mam Kinnéksbond eng grouss Beräicherung fir eis Schoul sinn.

Eivissa, Alissa, Daniela, Loïc, Gilles, Alice, Jimmy, Tyra, Julie, Catarina, Rachel, Pitt, José, Chiara, Joao, Jessica,
Véronique Prim, Dishny Fernando, Maurizio Di Stasi a Roland Herrmann

© Bohumil Kostohryz | Kinneksbond, Centre Culturel Mamer.

 

 

 

 

 

 

 

 

Résumé de la politique de confidentialité

Ce site web utilise des cookies afin de vous offrir la meilleure expérience d'utilisation possible. Les informations des cookies sont stockées dans votre navigateur et remplissent des fonctions telles que vous reconnaître lorsque vous revenez sur notre site web et aider notre équipe à comprendre quelles sections du site web vous trouvez les plus intéressantes et les plus utiles.