Liesen ass gesond, mam Tullio Forgiarini
Publié le 19/11/2021Am Kader vun der Campagne « Liesen ass gesond » war de Lëtzebuerger Schrëftsteller Tullio Forgiarini de 29. Oktober bei de Schüler vun de 6C-Klassen op Besuch. Den Tullio Forgiarini schreift esouwuel op Lëtzebuergesch wéi och op Franséisch an Däitsch. Hien huet Extraiten aus senge Wierker, e. a. « Lizardqueen » a « La ballade de Lucienne Jourdain », virgelies an huet de Schüler een Abléck an d’Liewen a Schaffe vun engem Schrëftsteller zu Lëtzebuerg ginn. Deemnächst fënnt een am CDI vum LJBM folgend Wierker vum Tullio Forgiarini: « Amok », « Eng Lëtzebuerger Liebeschronik » (ass verfilmt ginn a krut den Europäesche Literaturpräis 2013), « Leben. Nehmen » (Däitschfassung vun « Amok »), « Lizardqueen », « La ballade de Lucienne Jourdain » a « Céruse » (nominéiert fir de Lëtzebuerger Buchpräis 2021). Vill Spaass beim Liesen!

