‘LES JUSTES’ AM KINNÉKSBOND

Publié le 02/07/2017

Am Joer 1905 hat e Grupp vu sozialrevolutionären Terroristen een Uschlag op de Groussfürst Sergei geplangt. Dem Albert Camus säin Theaterstéck “Les Justes” aus dem Joer 1949 berout op dëse geschichtlechen Evenementer a weist de Kampf aus der Siicht vun de Revolutionären. D’LJBM-Schüler aus de Klassen vun 2e, 1ère , 12e an 13e GE hunn am Kinnéksbond eng spannend Opféierung vun engem Theaterstéck erlieft, dat an de leschte Joerzéngten näischt vu senger Bedeitung an Aktualitéit verluer huet. Bob LEURS – 05/2017