KI an der Schoul
Publié le 21/05/2024De leschte Mëttwoch war d’Dr. Isabell Eva Baumann op Invitatioun vun der Direktioun a vun eisem Elterecomité zu Besuch an eisem Lycée. Si ass Fuerscherin am Beräich vun « Digital Education & Research » op der Université du Luxembourg an huet eis e ganz spannende Virtrag gehalen zum Sujet « Künstliche Intelligenz in der Schule: Eine Reise durch Herausforderungen und Chancen ». Et hate vill Leit de Wee an eise Festsall fonnt, fir dësen Erklärungen nozelauschteren an herno doriwwer ze diskutéieren. Merci fir dee flotten Owend!