JOSY HELPS! SCHECK FIR DE FONDS DE SOLIDARITE

Publié le 08/08/2018

Am Lycée Josy Barthel Mamer ass ee vun de groussen Ziler vum aktuellen projet d’établissement „Josy Helps!“, sech ëm humanitär Hëllef ze këmmeren, net nëmmen am Ausland, mee och zu Lëtzebuerg. Zu dësem Zweck hat de schoulinternen Workshop Marrakesh, an Zesummenaarbecht mam Schüler- a Elterecomité an e puer Enseignanten, d’lescht Joer een Dîner de Nouvel An mat franséischer Kichen organiséiert, bei deem vill Suen zesummekoumen. De schéine Betrag vun 3650€ ass elo un de Fonds de Solidarité gespent ginn. Ee klengen Deel vum Erléis ass bei d’Finanzéierung vun enger Rees op Marrakesch bäigeluecht ginn, fir déi Schülerinnen a Schüler aus dem LJBM ze belounen, déi vill Aarbecht an Zäit an d’Organisatioun vun engem ganz besonneschen kulinareschen Owend investéiert haten. Bob LEURS – 01/2018 – Article LW

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 10 secondes