INDESCHEN OWEND AM LJBM

Publié le 02/07/2017

De 17. Mäerz huet fir d’zweete Kéier eng ‘Soirée Indienne’ am Lycée Josy Barthel zu Mamer stattfonnt. Zwielef Schüler aus dem LJBM an aus anere Schoulen hunn der Organisatorin Sushita Oberlé fräiwëlleg gehollef, ee schéinen Owend mat indeschem Iessen, Gedrénks a Musik op d’Been ze stellen. Mam Erléis vun der Soirée ginn an Indien Organisatiounen ënnerstëtzt, déi sech fir d’Bevölkerungsgrupp vun den Adivasi asetzen. De Scheck am Wäert vun 2000€ ass der Presidentin vun der ‘Aide à l’Enfance de l’Inde’, Liliane Ries, an dem fréiere President Gusty Braun iwwerreecht ginn. Eng weider Editioun vum indeschen Owend am LJBM steet sécher um Programm, dëst Joer am Kader vum neien projet d’établissement “Josy Helps”. Bob LEURS – 10/2016

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 20 secondes