GEORGES KAYSER ALTERTUMSFUERSCHER (GKA) VUN NOUSPELT BESICHT

Publié le 19/06/2018

Den 19. Juni 2018 huet d’7G1 aus dem LJBM d’Georges Kayser Altertumsfuerscher (GKA) vun Nouspelt besicht. Ugefaangen huet den Dag mat enger interessanter visite guidée duerch de Musée zu Nouspelt. De President vun de GKA, Jacques Bonifas a seng Benevollen hunn unhand vu sëlleche Fondstécker de Schüler d’Geschicht vun onser Regioun méi no bruecht. Dono goung et zu Fouss bis bei d’Réimervilla am Miecher tëschent Nouspelt a Giewel. Do konnten d’Schüler dunn selwer hiert Gléck als Archeolog probéieren. Ënnert der Uleedung vun de motivéierte Benevolle vun de GKA konnten dunn och e puer interessant Decouvertë gemaach ginn. Réimesch Schierbelen a Neel si fonnt ginn an d’Fondatioun vun enger Mauer gouf weider fräigeluecht. Nodeems eng lukanesch Wurscht vum Grill, no original réimeschem Rezept, déi jonk Ausgriewer gestäerkt hat, goung et erëm zeréck Richtung Vicus Mamer, deem réimeschen Duerf nieft deem haut den LJBM doheem ass. Méi Informatiounen zu de Georges Kayser Altertumsfuerscher fënnt een ënnert www.gka.lu Christian THEIS – 07/2018

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 10 secondes