FROEN ZUM iPAD AM LJBM

Publié le 25/09/2019

Josy goes digital – Digital Kompetenzen fir d’Schüler am Lycée Josy Barthel

10 iPad-Gesetzer

D’Philosophie vum Projet „Josy goes digital“

Mir liewen an enger Welt, déi schonn immens technesch ass. Haut ass et wichteg, datt een iwwert technescht Wëssen verfügt, soss kann een an deene meeschte Beruffer guer net méi schaffen an et huet ee quasi keng Chancen um Aarbechtsmarché. An deene leschte Joerzéngten sinn et virun allem déi nei Technologien, déi eist Ëmfeld an eist Liewen a villen Hisiichte gepräägt hunn. A leschter Zäit ass och d‘Digitaliséierung e ganz grousst Thema.

Fir eis als Lycée Josy Barthel ass et wichteg, eis Schüler esou gutt wéi méiglech op hier Zukunft virzebereeden. Mir wëllen hinnen als Schoul och dat néidegt technescht an digitaalt Wëssen matginn, fir datt si hire weidere Liewenswee erfollegräich goe kënnen. Dofir hu mir als Schoul de Projet „Josy goes digital“ gestart, an deem mir eise Schüler digital Kompetenze vermëttele wëllen.

Dobäi gräife mir och op den iPad zréck, deen de Staat de Schüler am Kader vum „one2one“-Projet (cf. www.one2one.lu) zur Verfügung stellt. An eiser Schoul ass den iPad e wichtegt Hëllefsmëttel, dat de Schüler den Ëmgang mat neier Technologie méi no brénge soll a ganz nei Dimensiounen am Schoulhalen erméiglecht.

 

FAQ – 15 Froen an Äntwerten zum iPad am LJBM

  1. Wéini kritt mäi Kand den iPad?

An den éischte Wochen nom Schoulufank sinn d’Remisen. Fir datt den iPad dem Schüler iwwerreecht ka ginn, muss de Kontrakt d‘éischt vun den Elteren ënnerschriwwe ginn.

 

  1. Wiem gehéiert den iPad?

Et ass e Gerät vum Staat, also aus dem Centre de gestion informatique de l’éducation (CGIE, cf. www.cgie.lu). Den iPad gehéiert net dem LJBM, mee e gëtt vum Lycée agesat an och vun de Responsabelen aus dem LJBM geréiert a kontrolléiert. De Schüler kritt deen iPad am Kader vun enger Locatioun zur Verfügung gestallt.

 

  1. Wat kascht deen iPad mech als Elterendeel? D‘Locatioun vum iPad kascht 50 Euro d’Joer. De CGIE schéckt eng Rechnung.

 

  1. Kann ech deen iPad och am Lycée bezuelen?

Nee, dat geet leider net. D’Gerät gehéiert dem CGIE a muss och do bezuelt ginn, de Lycée geréiert den iPad nëmmen.

 

  1. Wie configuréiert den iPad a këmmert sech ëm d‘Software?

D’iPad-Responsabel aus dem LJBM installéieren all déi néideg Applikatiounen, de Schüler brauch do guer näischt ze maachen.

 

  1. Ech wëll net, datt mäi Kand e Kont bei Apple mecht. Wéi kann ech dat verhënneren?
    De Schüler kritt vun der Schoul en offizielle Kont fir d‘Educatioun zur Verfügung gestallt, e muss sech selwer kee private Kont zouleeën.

 

  1. Muss mäi Kand d’Applikatioune bezuelen?

Nee, de LJBM bezilt d’Lizenzen vun den agesaten Applikatiounen.

 

  1. Ka mäi Kand op deem iPad selwer Software installéieren?

D’Schüler aus dem Cycle inférieur a Cycle moyen hu keen Accès zum App-Store a kënne selwer keng Software installéieren.

 

  1. Ech wëll net, datt mäi Kand mat deem iPad herno zevill spillt.

De Schüler aus dem Cycle inférieur a moyen huet technesch net d’Méiglechkeet Spiller um iPad z‘installéieren. Den iPad ass bewosst sou configuréiert. Et ass e Schoulgerät, do brauche keng Spiller drop ze sinn, ausser et ass an engem pädagogesche Kader.

 

  1. Muss mäi Kand den iPad all Dag mat an d’Schoul huelen?

Jo, et handelt sech beim iPad ëm en Outil wéi e Buch. Vu datt vill Contenu och digital un de Schüler ausgedeelt gëtt (z. B. statt Aarbechtsblieder op Pabeier), muss de Schüler säi Gerät all Dag derbäi hunn an och selwer dofir suergen, datt den Akku moies voll gelueden ass.

 

  1. Huet de Schüler fräien Zougank zum Internet?

Nee, den Zougank zum Internet gëtt gefiltert. De Filter soll z. B. verhënneren, datt de Schüler Accès zu Säiten mat Contenu fir Erwuessener kritt.

 

  1. Gëtt mäi Kand duerch den iPad kontrolléiert?

Nee, d’iPad-Responsabel aus dem LJBM hunn zwar d’Méiglechkeet, d‘Applikatiounen vum iPad ze kucken, mee se gesinn awer net den eigentleche Contenu, also keng Dokumenter, keng Emailen asw. Den iPad huet och kee GPS-Modul.

 

  1. Schafft de LJBM just mat Apple-Produiten?

Nee, den iPad ass just den techneschen Outil, deen am Kader vum one2one-Projet vum CGIE, also dem Staat, zur Verfügung gestallt gëtt. Mir schaffen genau esou och mat Microsoft-Software, z. B. dem Office365-Environnement.

 

  1. Bezilt de LJBM, wann den iPad futti ass?

Nee, de Schüler bzw. d’Eltere musse fir e Schued um iPad opkommen. Fir all Hardwareproblem ass de CGIE zoustänneg.

 

  1. Muss mäi Kand op 7e en iPad huelen? Ech wëll dat als Elterendeel net.

All Schüler op 7e kritt am LJBM en iPad, et ass e wichtegt Element vum Schoulhalen am LJBM.

  

Bei weidere Froen, schéckt eis w.e.g. eng Email un ipad@ljbm.lu.

 

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 20 secondes