Foto-Concours Rando Téléthon

Publié le 12/01/2021

Wéinst der Pandemie konnten déi traditionell Dezemberaktivitéiten, ee Kick géint Krankheeten (24 Stonnen nonstop Futtball an der Sportshall vum LJBM ) an eis Velosrandonnée mam MTB duerch de Mamerdall, net wéi gewinnt stattfannen.

Dofir gouf eng virtuell MTB-Randonnée vun eisem Sportsdepartement organiséiert, wou jiddereen 2 Touren am Mamerdall eenzel konnt fueren, verbonne mat engem flotte Fotosconcours.

Am Ganze koume fir den Téléthon 750 Euro zesummen a mir soen all deenen, déi matgemaach a gespent hunn, een häerzleche Merci.

D’Gewënner vum Fotosconcours sinn den Tim Turping an de Robyn Schumacher. Si kruten een Akafsbong am Wäert vu 50 Euro fir an den Asport akafen ze goen.

 

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 10 secondes