Léif Schüler an Elteren,
eis Primaner hunn dëst Joer an den nationalen Examen ganz gutt ofgeschnidden, eleng op der 1CB hu mir bei insgesamt 11 Kandidaten 3x d’Mentioun « Excellent », 2x d’Mentioun « Très Bien » an 3x d’Mentioun « Bien ». 👏😊 Och déi aner Klassen, a besonnesch eis 1GA3D (Architecture, Design et Développement durable), déi dëst Joer fir d’éischt am Examen dobäi war, hu ganz gutt ofgeschnidden. 👏😃 D’Kiischt um Kuch ass allerdéngs de Roy S. vun der 1CB classique, deem et gelongen ass, eng Moyenne vun 58 ze kréien. Domadder ass hien vun all de B-Sektiounen dee beschte Schüler landeswäit! 🏆🙌🤩 Den LJBM ass ganz houfreg dorobber a wënscht dem Roy an alle Primaner all Guddes fir hir Zukunft! 🍀🤞