EXPEDITIOUN FIR DEN MERITE JEUNESSE

Publié le 08/07/2018

De Weekend vum 7. an 8. Juli hu sech véier Schüler aus dem LJBM an zwou Schülerinnen aus dem ECG gemeinsam op de Wee gemaach. Si hunn am Mamerdall hir Expeditioun fir den Niveau Bronze vum Mérite Jeunesse duerchgezunn. Lassgaangen sinn si beim Lycée Josy Barthel Mamer an hu sech dann Richtung Koplescht duerch de Bësch geschafft. Kuerz hannert Koplescht hu si Mëttegpaus gemaach a sech e puer Nuddelen um Gaskocher zoubereet. Gutt gestäerkt ass et dunn no der Paus weider an d‘Mamerleeën gaangen. Hei ukomm, hu si sech et an der Huellee, der gréisster Hiel vun de Mamerleeën, bequem gemaach. Nodeems d‘Carrymatten an d‘Schloofsäck platzéiert waren, gouf de Wee fir Sonndes nach eng Kéier gemeinsam gekuckt. Owes hu si sech nees gemeinsam eppes gekacht an den Owend dann bei engem klenge Lagerfeier auskléngen gelooss. Den Dag drop ass et vun de Mamerleeën nees zeréck bei de Fräiheetsbam gaangen. No sechs Stonnen wanderen an enger gemittlecher Mëttegpaus sinn si all midd awer zefridden zu Stroossen ukomm. Pol HERMES – 07/2018
Den 2. Juni hu sech dräi Schüler op hir Expeditioun fir de Mérite Jeunesse virbereed. Dofir hu mir eis moies beim Fräiheetsbam getraff an eis zesummen ugekuckt, wéi eng Kaart gelies gett. Dono hu si hire Wee vum Mamer Lycée bis an d‘Mamerleeën selwer geplangt. Nodeems mir vill mam Kapp geschafft hunn, war et Zäit eppes an de Bauch ze kréien. Heifir hu mir eis ugekuckt, wéi e Gaskocher funktionéiert, an hu verschidde Platen gekacht an geschmaacht. Mat vollem Mo gouf dunn gekuckt, wat an e Rucksak gehéiert a wat mir léiwer doheem loossen. No deem méi theoreteschen Deel gouf dunn geübt, wéi en Zelt op- an och erëm ofgebaut gëtt. Als Ofschloss hu mir dunn nach mat der Kaart verschidde Kräizungen am Bësch gesicht. Heibäi konnt ee séier feststellen, dass et heiansdo grouss Ënnerscheeder tëschent der Kaart an der Réalitéit gëtt.Insgesamt hate mir e flotten Dag, op deem mir eng spannend Expeditioun plangen konnten. Pol HERMES – 06/2018

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 10 secondes