Erasmus+ Woch

Publié le 03/06/2022
Pünktlech fir den Europadag de 9. Mee, sinn déi 4 Delegatiounen aus Spuenien, Schweden, Däitschland an der Belsch bei eis zu Lëtzebuerg ukomm an domat konnt déi grouss Ofschlosswoch vum “Erasmus+”-Projet bei eis am Lycée starten. Ënnert dem Motto “face the past – change our future“ hunn d’Schüler aus deene 5 Länner sech eng Woch laang mat de méi däischtere Säite vun der Lëtzebuerger Geschicht beschäftegt. Si si mam Film “Heim ins Reich” an enger Visitt am Resistenzmusée de Spuere vun der Lëtzebuerger Kollaboratioun am 2. Weltkrich nogaangen, konnten e Bléck an d’Villa Pauly geheien a krute bei enger flotter Visitt am Geschichtsmusée en interessanten Abléck an d’Kolonialzäit, wärend där d’Lëtzebuerger och hir Fanger am Spill haten. All dës Andréck hunn d’Schüler zum Schluss vun der Woch an engem Padlet festgehalen.
Nieft de schouleschen Aktivitéite stoung och de kulturellen Austausch um Programm. Hei gouf et ënnert anerem eng flott Visitt vum Héichuewen zu Esch-Belval an natierlech gouf och vun der Geleeënheet profitéiert, eisem Besuch d‘Kulturhaaptstad an de Programm vun Esch2022 ze weisen. D’Woch an domat och de Projet si schlussendlech e Freidegowend mat engem Ausfluch an den Escape Room an engem Barbecue an der Stad op en Enn gaangen.
Eis Schüler si wärend dëser Woch alt nees eng Kéier iwwert sech erausgewuess a konnte vill wäertvoll Erfarunge sammelen a flott international Frëndschafte schléissen.
 
 

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 20 secondes