“ERASMUS +” – Projet “Face the past, change our future – Casting light on the shadows of our history”

Publié le 02/06/2021

Aktuell hëlt eis Schoul um “ERASMUS +” – Projet “Face the past, change our future – Casting light on the shadows of our history” deel. Leider huet di sanitär Krise dëst Schouljoer keng Rees bei eng vun eise Partnerschoulen zougelooss. Not macht erfinderisch a sou hunn eis Schüler mat hire Partner aus der Belsch, Däitschland, Schweden a Spuenien de 17. Mee un engem virtuelle Meeting zum Thema “The dark sides of national history” deelgeholl, bei dem e flotten an interessanten Austausch entstanen ass. Mir hoffen elo, si all am Laf vum nächste Schouljoer nees live ze gesinn.