“En Album – eng Spend” – 4CCL1 Klasseprojet

Publié le 25/06/2021

An e weidere flotte Klasseprojet geet a seng Endphas! 😃😊
Ab dem 25. Juni start d’4CCL1 mam Verkaf vun hirem Klasseprojet. Ënnert dem Motto “En Album – eng Spend” kann all Interesséierten d’Associatioun Aide à l’Enfance de l’Inde ënnerstëtzen an niewebäi vill flott Stickere mat de Gesiichter vun de Proffen, vun Direktiounsmemberen a vum Personal aus dem LJBM fir an en Album sammelen. Deen Éischten, deen säin Album voll huet, gewënnt och nach e Präis! Léif Schüler, maacht iech also bäi, ameséiert iech a maacht och nach eppes fir de gudden Zweck. 😃🙌
Verkaaft gëtt ofwiesselnd an deenen zwou klenge Pausen (9:55 an 10:45 Auer) a wärend de Mëttegpausen (11:50 an 12:40 Auer) bei der Cafeteria a bei der Proffekonferenz!
10 € den Album, den 1. Pak Stickeren ass gratis. 2 € pro Pak mat Stickeren.
An dësem flotte Video erklären d’Schüler de Projet: