“Elèves méritants” goufen ausgezeechent
Publié le 20/06/2019Wéi all Joer kruten déi Schüler, déi sech am Laf vum Schouljoer duerch besonnesch gutt schoulesch oder sozial Leeschtungen ervirgedoen hunn, ee Certificat an e Präis iwwerreecht. Zesummen mat Frënn a Memberen aus der Famill konnten sech dëst Joer 110 Schüler iwwer déi Auszeechnung freeën. No der d’Zeremonie am Festsall, mat musikalescher Begleedung vun der LJBM-Band ‚Josy Swings‘, gouf et nach e Patt a Fingerfood. Gléckwonsch!