Eis Schüler am Resistenzmusée

Publié le 26/06/2024

Wéi war dat deemools zu Lëtzebuerg am Krich? Op déi Fro hunn eis Schüler vun der 2C-URBS an der 2C-COMED am « Musée nationale de la Résistance et des Droits Humains » eng Rei ganz interessant Äntwerte fonnt. Am Workshop « 50 faces 50 stories » si si iwwert verschidde Biografie gewuer ginn, wéi d‘Lëtzebuerger den 2. Weltkrich materlieft hunn. Dono hu si eng detailléiert Visitt duerch deen immens interessante Musée kritt. E Merci un den MNR fir dëse spannende Moment!