EE KLENGE GESTE, ENG GROUSS WIERKUNG!

Publié le 02/07/2017

„Ee klenge Geste, eng grouss Wierkung“ war den Titel vun der Konferenz, op déi d’Schülerinnen an d’Schüler vun der 10PS1 de 15. Juni agelueden haten. Ënnert hirer Moderatioun hunn Experten iwwer déi wichteg Themen Bluttspend, Organspend, Knachemuergspend, Häerzstëllstand an Hireschlag referéiert. Et waren dat de Prof. Dr. Claude Braun (Luxtransplant), den Här Yannick Lieners (Plooschter-Projet), den Dr. Pascal Stammet (CHL, LRC) an d’Madame Chantal Keller (Blëtz asbl). Um Uschloss un d‘Virträg hat ee bei engem Patt nach d’Méiglechkeet, sech bei den Experten, de Schüler/innen a bei de Stänn vun den eenzelen Organisatiounen weider Informatiounen ze besuergen. Dee ganz interessanten Owend gouf vun der Biologieprofessorin Lydie Hoffmann an hirer Klass am Kader vum projet d’étalissement „Josy Helps“ organiséiert. Bob LEURS – 06/2017 – FlyerLW du 30/06/2017LW du 04/07/2017

Résumé de la politique de confidentialité

Ce site web utilise des cookies afin de vous offrir la meilleure expérience d'utilisation possible. Les informations des cookies sont stockées dans votre navigateur et remplissent des fonctions telles que vous reconnaître lorsque vous revenez sur notre site web et aider notre équipe à comprendre quelles sections du site web vous trouvez les plus intéressantes et les plus utiles.