ECHANGE SCOLAIRE SCHUMAN

Publié le 02/07/2017

Mir si frou, vum 24. September bis den 8. Oktober 15 Schüler aus Däitschland a Frankräich an eiser Schoul begréissen ze kënnen. D’Schüler maachen während zwou Wochen en Austausch bei engem Schüler aus dem LJBM, liewe bei hinnen a gi mat hinnen an hir Klass. Dëse Schüleraustausch fënnt am Kader vum SCHUMAN-Programm statt. Vum 5. bis de 19. November ass et dann un deene 15 Schüler aus dem LJBM, déi alleguer op 6e/5e/8e/9e Klassen sinn, fir zwou Wochen bei hirem Austauschpartner an Däitschland oder Frankräich ze verbréngen.

Mir wënschen all dëse Schüler vill flott Erfahrungen am Kader vun dësem Austausch.

Mëttwochs, den 28. September, hunn d’Austauschschüler zesummen mat hire Lëtzebuerger Partnerschüler un engem Ausfluch deelgeholl.
No enger Visite vum Schlass vu Veianen konnte si sech bei flotten Aktivitéiten am Héichseelpark vu Veianen besser kenneléieren. Patrick SCHMITZ – 10/2016

Résumé de la politique de confidentialité

Ce site web utilise des cookies afin de vous offrir la meilleure expérience d'utilisation possible. Les informations des cookies sont stockées dans votre navigateur et remplissent des fonctions telles que vous reconnaître lorsque vous revenez sur notre site web et aider notre équipe à comprendre quelles sections du site web vous trouvez les plus intéressantes et les plus utiles.