ÉCHANGE SCOLAIRE SCHUMAN

Publié le 08/08/2018

Vum 11. bis de 25. November war den zweeten Deel vum dësjähregen Schuman-Austausch. Während dräi Schülerinnen aus dem LJBM fir zwou Wochen an Däitschland oder Frankräich bei hire Partnerschüler verbruecht hunn, hu mir och eng Schülerin aus Frankräich bei eis am Lycée begréisse kënnen. D’Austauschschülerin ass zwou Wochen laang mat hirer Partnerschülerin aus dem LJBM op d’Klass 6C1 gaang. Patrick SCHMITZ – 12/2017
Mir si frou, vum 25. September bis den 9. Oktober zwou Schülerinnen aus Däitschland an eng Schülerin aus Frankräich an eiser Schoul begréissen ze kënnen. D’Schülerinnen maachen während zwou Wochen en Austausch bei Schülerinnen vun 6e a 8e aus dem LJBM, liewe bei hinnen a gi mat hinnen an hir Klass. Dëse Schüleraustausch fënnt am Kader vum SCHUMAN-Programm statt. Vum 11. bis de 25. November ass et dann un deenen dräi Schülerinnen aus dem LJBM fir zwou Wochen bei hirer Austauschpartnerin an Däitschland oder Frankräich ze verbréngen. Mir wënschen hinnen all vill flott Erfahrungen am Kader vun dësem Austausch. Patrick SCHMITZ – 09/2017

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 10 secondes