Diplomiwwerreechung 2023

Publié le 17/07/2023

De leschte Freideg war d’Diplomiwwerreechung bei eis am LJBM. Wéi esou oft hunn eis Schüler och dëst Joer erëm fantastesch Resultater an hiren Ofschlossexamen erreecht – e. a. 6x excellent, 11x très bien, 39x bien, 6x assez bien. D’Schüler, d’Elteren an och mir si ganz houfreg op dëse Bilan. No enger Ouverture duerch den Här Direkter Claude Christnach an enger ergräifender Ried vun eisem Éieregaascht, der Mme Minister Joëlle Welfring, Ministère de l’Environnement, du Climat et du Développement durable, an engem lëschtege Virtrag vun 2 Schülerinne war de grousse Moment endlech do: D’Schüler kruten hiren Diplom an de Grapp. Duerno hunn d’Schüler ënnert dem Applaus vun alle Gäscht de Festsall verlooss. Mir gratuléieren nach eemol ganz häerzlech a wënschen hinnen nëmmen dat Bescht fir hire weidere Wee!

Klickt hei, fir Är Biller an enger gudder Opléisung ze bestellen

Résumé de la politique de confidentialité

Ce site web utilise des cookies afin de vous offrir la meilleure expérience d'utilisation possible. Les informations des cookies sont stockées dans votre navigateur et remplissent des fonctions telles que vous reconnaître lorsque vous revenez sur notre site web et aider notre équipe à comprendre quelles sections du site web vous trouvez les plus intéressantes et les plus utiles.