Digital School Escape

Publié le 16/12/2019

Virun der Chrëschtvakanz goufen eis 6C-Schüler virun eng ganz aussergewéinlech Erausfuerderung gestallt! De Josy hat seng Schell verluer oder war se awer geklaut ginn? Genau dat Rätsel hunn eis Schüler misste léisen, soss hätt d‘Gefohr bestanen, ni méi aus der Schoul erauszekommen. Motivéiert an opgereegt sinn si dunn duerch déi ganz Schoul gelaf, op der Sich no neie Rätselen an de passende Léisungen, fir zum Schluss de Countdown vum „Erpresser, deen d‘Schell geklaut hat“ zurzäit kënnen ze stoppen. Eenzeg Hëllefsmëttele waren en iPad, hir eege Kreativitéit an natierlech den Ekippegeescht.

Op dës flott Aart a Weis konnten d‘Schüler och mol aner Ecken aus hirer Schoul kenneléieren an hunn sech dobäi och ganz gutt geschloen!

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Résumé de la politique de confidentialité

Ce site web utilise des cookies afin de vous offrir la meilleure expérience d'utilisation possible. Les informations des cookies sont stockées dans votre navigateur et remplissent des fonctions telles que vous reconnaître lorsque vous revenez sur notre site web et aider notre équipe à comprendre quelles sections du site web vous trouvez les plus intéressantes et les plus utiles.