Déi 1. kleng Entreprise

Publié le 07/06/2024

Am Kader vum Cours « Sciences économiques et sociales » hunn d’Schüler vun der 2C- URBS/COMED hir éischt kleng Entreprise gegrënnt. An nëmmen 3 Wochen hunn déi Jonk e strukturéierte Business-Plang wéi och eng uspriechend Marketingcampagne op d’Bee gestallt. Dobäi koumen 3 Produite raus, déi sech weise kënne loossen: e Villerchersheischen mat Wuelfillcharakter, eng flott a praktesch Trousse fir Hygiènesartikelen an eng ganz Gamme vu Käerzen a verschiddene Faarwen a mat verschiddene Gerécher. D’Schüler kënnen houfereg sinn op dat, wat si a kuerzer Zäit realiséiert hunn.