D’9STP3 REALISÉIERT EEN EENZEGAARTEGT KONSCHTWIERK

Publié le 02/07/2017

De Projet “The SUN”  (ee Bild aus eenzelnen Holzlamellen) ass vun den Schüler aus der 9STP3 realiséiert ginn. Mat vill Aarbecht a Gedold hunn d‘Schüler all eenzelt Stéck geschnidden, ugepasst an d‘Faarwekombinatioun selwer bestëmmt. Op der Porte Ouverte vum Lycée hu si och um Projet geschafft an et dem interesséierte Public virgestallt a si gutt viru komm. Um Enn, no 38 Stonne schaffen, hu si een “Unikat” realiséiert, dat een néierens ze kafen kritt. D‘Bild gëtt natierlech opgehaang a kritt eng adäquat Plaz am LJBM. BRAVO 9STP3!!! Théid BETZ – 07/2017