D’4CM2 HËLT UM ‘SCHÜLERWETTBEWERB ZUR POLITISCHEN BILDUNG’ DEEL AN ËNNERSTËTZT DOMADDER WWF

Publié le 02/07/2017

D’Schüler vun der 4CM2 hunn am Kader vum « Schülerwettbewerb zur politischen Bildung » (BpB) eng Zeitungssäit zum Thema « Dresscode an Schulen » opgesat. Op dëser Zeitungssäit hu si net nëmmen d’Legislatioun hei zu Lëtzebuerg méi genau ënnert d’Lupp geholl, mee och bei eis am Lycée eng Ëmfro zum Thema Kleederuerdnung duerchgefouert. Si hu sech Gedanken doriwwer gemaach, a wéi wäit Schouluniform, Hotpants, Jogging oder och Kappduch eng legitim Plaz an der Schoul a Bezuch op Anstand, Sécherheet a Respekt vun de Mënscherechter hunn. D’Schüler hunn déi 160 Euro, déi si beim Verkaf vun hirer Zeitungssäit an der Schoul zesumme kruten, integral un de Projet « Retten Sie den Amazonas » vu World Wildlife Fund“ gespent. Doniewent hu si eng Petitioun vu WWF zum Schutz vun den Tigeren ënnerschriwwen. De 5. Mee kruten si en Diplom vum lëtzebuergeschen « Zentrum fir politesch Bildung » fir hier Bedeelegung um Concours iwwerreecht. Jessica WILMES- 05/2017 – Link AmazonasLink Tigeren

Résumé de la politique de confidentialité

Ce site web utilise des cookies afin de vous offrir la meilleure expérience d'utilisation possible. Les informations des cookies sont stockées dans votre navigateur et remplissent des fonctions telles que vous reconnaître lorsque vous revenez sur notre site web et aider notre équipe à comprendre quelles sections du site web vous trouvez les plus intéressantes et les plus utiles.