D’2GGE an d’3CBC am LSC

Publié le 08/08/2018

Den 12. Dezember waren d’Schüler vun den zwou Klassen 3CBC an 2GGE mat hire Sciences-Proffen (A. Dondelinger, P. Hermes, M. Majerus) an den Luxembourg Science Center op Déifferdéng. An deem grousse Sall konnte si selwer vill Experimenter probéieren, déi op verschidde Statioune verdeelt sinn.Duerno si mer all an d’Welt vun der Mathematik agetaucht a kruten op eng flott Manéier en Abléck an d’Geometrie vun zwou bis n Dimensiounen. Als Ofschloss stoung dann nach eng Show zum Thema „Fluides“ um Programm. Hei ass et ëm d’Faszinatioun vun den Aggregatzoustänn vu verschiddene Gasen, bei déiwen Temperaturen an Dréck, gaangen. D’Schüler an och hir Proffen ware ganz impressionéiert vun deem flotten neie Science Center an hiren Aktivitéiten. Marco MAJERUS – 12/2017

Résumé de la politique de confidentialité

Ce site web utilise des cookies afin de vous offrir la meilleure expérience d'utilisation possible. Les informations des cookies sont stockées dans votre navigateur et remplissent des fonctions telles que vous reconnaître lorsque vous revenez sur notre site web et aider notre équipe à comprendre quelles sections du site web vous trouvez les plus intéressantes et les plus utiles.