D’2CM1 an d’11TG1 zu Stroosbuerg

Publié le 25/04/2013

Den 1. Juli 2013 waren d’Klassen 2CM1 an 11TG1 vum Lycée Josy Barthel vu Mamer op Besuch am Europaparlament zu Stroosbuerg, ënner Begleedung vun hire Professeren Sandra Fratini, Jessica Wilmes an Thierry Origer. Si goufen empfaange vum Här Charel Goerens a senger Assistentin Corinne Weis. Am Mëttelpunkt vum Échange mam Här Goerens stounge Froen iwert déi aktuell Situatioun souwéi d’Zukunft vun der Europäescher Unioun. De Schüler hir duerchaus pertinent Froen haten haaptsächlech déi wirtschaftlech Aspekter an deem Zesummenhang am Bléck. Um Enn vum Gespréich goufen si vum Här Goerens derzou encouragéiert, sech politesch ze intresséieren an ze engagéieren, well et och em hir perséinlech Zukunft geet.

Résumé de la politique de confidentialité

Ce site web utilise des cookies afin de vous offrir la meilleure expérience d'utilisation possible. Les informations des cookies sont stockées dans votre navigateur et remplissent des fonctions telles que vous reconnaître lorsque vous revenez sur notre site web et aider notre équipe à comprendre quelles sections du site web vous trouvez les plus intéressantes et les plus utiles.