Connectéiert Matériauthèque

Publié le 02/06/2022

Den LJBM huet als éischt Schoul zu Lëtzebuerg eng connectéiert Matériauthèque kritt. Dës ass entstanen aus engem Partenariat mat der Start-Up Archi-Material vu Rixheim aus dem Elsass (FR). Op knapp 30 Panneaue kënnen d’Schüler sech Echantillonen a Fotoe vu Baumaterialien ukucken an dann unhand vun engem QR-Code direkt um Site vum Hiersteller all schrëftlech a graphesch Informatioune fannen, fir esou ëmmer um leschte Stand ze sinn.