Concert & 5TeensExpo: 15 Joër LJBM

Publié le 30/11/2018

Article Luxemburger Wort du 26/03/2019

15 Joer LJBM, dat ass een Evenement, dat gefeiert gi muss, a bitt zudeem eng Geleeënheet, ee Bléck zeréck ze werfen. An deem Sënn si mir frou a stolz, Iech konnten den Owend vum 30. November wëllkomm ze heeschen an zesummen mat der Musique Militaire Grand-Ducale dëse Gebuertsdag ze feieren.

Als Konschtdepartement war dëst awer och eng eenzegaarteg Geleeënheet, fir der Ëffentlechkeet een Abléck op een Extrait vun deem ze bidden, wat eis Schüler am Laf vun de Joren op d‘Been gestallt hunn. An deem

 

Sënn hu mir eis geduecht, eis Geschicht auszerullen an Iech Wierker a Form vun Roll-Ups an e puer Exponaten ze presentéieren. Dëst si Wierker a Fotoen vu Wierker, déi iwwert diverse Techniken, Thematiken, iwwert verschidde Klassen, Alterskategorien a schoulesch Niveauen ginn. Vum Régime Préparatoire iwwert de Général an dem Enseignement Classique bis zu Wierker vun eisem jéngsten Projet, der A3D, fannt Dir nëmmen e puer Beispiller vun der vaster kreativer Panoplie, déi den LJBM zanter senger Grënnung am Joer 2003 ze bidden huet.
Et ass wichteg, heiansdo zeréck ze kucken, fir festzestellen, wat een alles erreegt huet a fir ze gesinn, wat d‘Stäerkten sinn, fir ee positive Bléck an d’Zukunft kënnen ze hunn.

Mir als Departement sinn houfreg, een Deel vun dëser Geschicht däerfen ze sinn, a soen dem Kinnéksbond Merci fir all déi kreativ an produktiv Zesummenaarbechten an der Vergaangenheet an och fir déi, déi schonn an Zukunft geplangt sinn. Der Direktioun vum LJBM, déi eis bei eisen Projeten ëmmer ënnerstëtzt, Iech, Här Minister a Memberen vun der Gemeng fir Äert Interessi an Är Presenz, awer och Iech léif Schüler a Gäscht ee groussen Merci, dass Dir den Owend do waart, fir mat eis ze feieren. An deem Sënn freeë mir eis op déi nächst Joren.

 

 

 

 

 

 

 

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 20 secondes