Comenius-Meeting zu München

Publié le 11/06/2015

Vum 12. bis de 17. Januar huet eng Delegatioun aus dem LJBM un engem internationale Comenius-Meeting zu Neufahrn (München) deelgeholl, zesumme mat Schüler a Proffen aus Polen, Spuenien an der Belsch. Dëst Treffe war am Kader vum Comenius-Projet “School against racism – Music for mutual respect”. Nieft dem Opzeechne vun engem selwer komponéierte Lidd géint Rassismus hu si all och um grousse Concertsowend vum Oskar Maria Graf-Gymnasium deelgeholl. Eng flott Erfahrung! Fir de Mamer Lycée ware mat derbäi: d’Sandy Bessa, d’Mara Eppert, d’Emma de Jong, de Filipe Trigo an den Timon Schleier. Si goufe begleedt vun de Professere Sandra Fratini a Guido Lessing.