Chercheurs à l’école – LIST

Publié le 22/03/2023
E Mëttwoch, de 15.3., haten eis Schüler Besuch vum Här De Castro, engem Fuerscher vum Luxembourg Institute of Science and Technology – LIST. Hien huet hinne säi Werdegang vum Lycée hei zu Lëtzebuerg iwwert seng Studien am Ausland bis hin zu sengem aktuelle Posten erkläert. Weiderhi si si vill gewuer ginn, wat fir eng Eegenschaften ee muss hunn, fir Fuerscher ze ginn, a wéi den Alldag an dësem Beruff ausgesäit. 
Den Här De Castro huet och e klengen Iwwerbléck iwwert d’Fuerschungssituatioun zu Lëtzebuerg ginn a méi genau erkläert, wourun se a sengem Beräich, de Materialwëssenschaften, um LIST fuerschen. Mir soen dem Här De Castro Merci fir de flotte Moien. 😊
LJBM – “Du, d’Natur an d’Wëssenschaft.”

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 10 secondes