Back

Borkum 2026

Publié le 15/05/2026
🌿 Borkum 2026 🌊🚲
Ons 3e C, 2e C an 3e G3S komme grad vun hirem wëssenschaftlechen Ecologie Stage zréck, dee vum 4. bis den 9. Mee zu Borkum 🇩🇪 stattfonnt huet.
D’Aktivitéite ware ganz ofwiesslungsräich:
🚴‍♂️ eng Féierung iwwert d’Insel mam Vëlo zesumme mat engem Guide, deen eis vill iwwer d’Geschicht vun der Insel erzielt huet
🐦 eng ornithologesch Excursioun
🏝️ d’Etüd vun den Dünen
⚓ de Besuch vum Liichtschëff „Borkum Riff“ an der Ausstellung „Nationalpark Wattenmeer“
🌱 d’Etüd vum Watt-Ökosystem souwéi vun der Flora vun de Salzwisen
Mir hunn all Kéiers d’Miessunge vum Terrain am Laboratoire analyséiert an do eis Observatioune weidergefouert.
Ons Schüler hu mat de lokale Rangeren Frank Diederich a Simon Potthast vun der Nationalparkverwaltung Niedersächsisches Wattenmeer un engem Naturprojet deelgeholl a gehollef invasiv Cranberries vun de brongen Dünen ze rappen. 🌾
Och Entspannungsmomenter hunn dëse wëssenschaftleche Stage beräichert:
🤝 Teambuilding
🏊 Schwammen
🏄 Surfen
🎳 Keelenowend
🚲 a ganz vill Vëlofueren
📸 Hei e puer Fotoe fir dës Woch ze dokumentéieren.
Et wor eng immens flott Woch fir jidderee! Mir si stolz an houfreg op ons léif, engagéiert, motivéiert an hëllefsbereet Schüler a Schülerinne.

 
 
  • Erasmus+ EU programme
  • Mérite Jeunesse
  • Mir sinn eng Fairtrade