Best Educational Game aus dem LJBM

Publié le 08/02/2023

An e weidert super Resultat vun eise Schüler! Dëse Samschdeg, de 4. Februar, war déi 7. Editioun vun der LTS (Luxembourg Tech School) hirer Game Pitch Competition am Forum um Campus Geesseknäppchen. Mat dem Eldin Agovic, dem Nathan Carré, dem Damien Jacques an dem Yan Soisson hu 4 Schüler aus dem LJBM de Präis fir “Best educational game” gewonnen! Si hunn am 1. Trimester en 2D-Spill mam Numm “Night Driving” entwéckelt, an deem de Spiller iwwert dem Fueren d’Verkéiersreegelen an enger retro-futuristescher Stad an an enger entspaanter Atmosphär léiert. Mir felicitéieren deene 4 fir hiert exzellent Resultat, awer och all eisen anere Schüler, déi matgemaach hunn. Virun enger professioneller Jury e Spill virzestellen a géint 18 aner Ekippen unzetrieden, dat ass sécher net einfach, an heibäi huet jiddereen eppes geléiert. E Merci geet och un hire Coach, den Här Costa Pinto.

 


 

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 10 secondes