BAU VUN ENGER POWERBANK MAT GREENPEACE

Publié le 08/08/2018

Ët ass de 6. Oktober, wou sech éischtmools Schüler a Proffen aus dem Lycée Josy Barthel mat Mataarbechter vu Greenpeace zesummegedunn hunn, fir eise Planéit ze retten. Nämlech ass “Save Our Project” den Numm vun der Optioun, déi et sech zur Aufgab gemaach huet, innerhalb vum dësjährëge Projet eng Solarstation ze konstruéieren. Dës Powerbank soll dofir suergen, dass Schüler aus dem Mamer Lycée zukünfteg hiren Handy op direktem Wee mat Solarenergie oplueden kënnen. Zu dësem Zweck hu mir eis Optioun an zwou Gruppen agedeelt: Déi eng ass den Atelier, wou den eigentleche Projet réaliséiert soll ginn, andeems d’Schüler dem Bau vun der Powerbank noginn; déi aner ass d‘Kommunikatioun, déi d’Zil huet, de Projet der Baussewelt méi no ze bréngen. Um Projet bedeelegt sinn d‘Schüler vun der Troisème, der Deuxième an der Première, d’Proffen Jacques Pir, Théid Betz an Esther Herr, an zu gudder Lescht d‘Martina Holbach an de Fränk Tinnes vu Greenpeace, déi eis ëmmer Denkustéiss ginn a bei der Organisatioun matwierken. 2B/3CC – 01/2018 – BLOG – Article LW du 02/02/2018
De 6. Oktober hu sech éischtmools Schüler a Proffen aus dem Josy Barthel mat Mataarbechter vu Greenpeace zesummegedinn, fir eise Planéit ze retten. Nämlech ass “Save Our Project” den Numm vum Optiounscours, deen et sech zur Aufgab gemaach huet, innerhalb vum dësjähregen Projet eng Solarstation ze konstruéieren. Dës PowerBank soll dofir suergen, dass Schüler aus dem Mamer Lycée zukünfteg hiren Handy op direktem Wee mat Solarenergie oplueden kënnen. Zu dësem Zweck hu mir eis Optiounsklass an zwou Gruppen agedeelt: Déi eng ass den Atelier, wou den eigentleche Projet réaliséiert gi soll, andeems d’Schüler dem Bau vun der PowerBank noginn; déi aner ass d’Kommunikatioun, déi d’Zil huet, de Projet der Baussewelt méi no ze bréngen. Um Projet bedeelegt sinn d’Schüler vun der Troisème, der Deuxième an der Première souwéi d’Proffen Jacques Pir, Théid Betz an Esther Herr, an zu gudder Lescht d’Martina Holbach an de Fränk Tinnes vu Greenpeace, déi eis ëmmer Denkustéiss ginn a bei der Organisatioun matwierken. Esther HERR – 11/2017

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 10 secondes