B2BI Visitt um Konrad-Adenauer-Site

Publié le 13/07/2022

Zum Schluss vum Schouljoer krut d’Ofschlossklass vun eisem BTS « Bâtiments et infrastructures » en Abléck an déi lescht Bauphas vum Konrad Adenauer-Site um Kierchbierg. Et handelt sech ëm ee vun de gréissten europäesche Chantieren. Besonnesch beandrockend fir eis Studente waren d’Erklärungen zur Logistik an zur Sécherheet vum Projet.