Ausstellung iwer Palästina

Publié le 11/06/2015

Vum 2. bis den 13. Mäerz haten d’Schüler an d’Schülerinnen aus dem LJBM d’Méiglechkeet am Festsall vun der Schoul d’Ausstellung “Palestine-terre de non-Droits de l’homme” ze besichen. D’Membere vum “Comité pour une Paix Juste au Proche-Orient” hunn hinnen hei en gudden Abléck an d’alldeeglecht Liewe vun de Palästinenser am Gazasträifen an dem Westjordanland verschaaft. Matt Hëllef vu Fotoen, Kaartematerial, Témoignagen asw. hu si versicht, de Schüler ze weisen, wéi an dëse Gebidder d’Mënscherechter vun Dausende Palästinenser all Dag matt Féiss getrëppelt ginn. Datt dëse Joerzéngten ale Konflikt dréngend eng Léisung brauch, déi di zwou Parteien zefriddestellt, ass duerch d’Diskussioune wuel jidderengem kloer ginn. (S. Fratini)

Résumé de la politique de confidentialité

Ce site web utilise des cookies afin de vous offrir la meilleure expérience d'utilisation possible. Les informations des cookies sont stockées dans votre navigateur et remplissent des fonctions telles que vous reconnaître lorsque vous revenez sur notre site web et aider notre équipe à comprendre quelles sections du site web vous trouvez les plus intéressantes et les plus utiles.