En Donneschdeg, de 7.7.2022, war d’6C2 mat hirer Franséischproff, der Mme Linster, an hirer Regente, der Mme Weyer, ee klengen Tour an d’Stad maachen. Si sinn duerch d’Uewerstad spadséiert an hunn een interaktive Rallye am Musée National d’Histoire et d’Art (MNHA) gemaach. Do hunn d’Schüler déi verschidde Sektiounen – Archeologie, Beaux-Arts, Cabinet des médailles an d’Ausstellungen aus dem Wiltheim-Fligel- kennegeléiert, andeem si kleng Aufgaben hu misse léisen. Als Ofschloss huet ee klenge Bummeltour duerch d’Groussgaass natierlech net dierfe feelen.