Aus der Recherche direkt an d’Schoul

Publié le 21/03/2024

De 15.3. ware 4 Fuerscher aus verschiddene Beräicher bei eis am LJBM op Besuch. Si hunn eis hire Werdegang an och hir aktuell Recherchë presentéiert. D’Mme Dr. Maude Pauly an d’Mme Prof. Dr. Anna-Lena Högenauer hunn der 3CC, der 3GPS1 an der 3GPS2 hier Fuerschungsgebidder aus der Virologie a Geographie resp. de Politikwëssenschafte virgestallt. Den Här Dr. Alex Bertrand huet eiser 3CB, der 3GIG an der 3GA3D seng Aarbecht zur Notzung vun der Wäermt, déi bei Arcelor Mittal bei der Stolproduktioun verluer geet, virgestallt. Weiderhin huet den Här Dr. Enzo Le Fevre eise Schüler seng Aarbecht an der Europäescher Kommissioun am Gebitt vun der kënschtlecher Intelligenz erläutert an op d’Méiglechkeete wéi och op d’Gefore vun der AI opmierksam gemaach. Also 4 ënnerschiddlech Theemen direkt aus der Recherche eran an d’Schoul – spannend a léierräich Momenter fir eis Schüler!

 

Résumé de la politique de confidentialité

Ce site web utilise des cookies afin de vous offrir la meilleure expérience d'utilisation possible. Les informations des cookies sont stockées dans votre navigateur et remplissent des fonctions telles que vous reconnaître lorsque vous revenez sur notre site web et aider notre équipe à comprendre quelles sections du site web vous trouvez les plus intéressantes et les plus utiles.