ACTIVITY CHALLENGE

Publié le 12/06/2020

Léif Schülerinnen a Schüler,

d´Sportsdépartement vum LJBM lancéiert e Klassen-Challenge. Wéi funktionéiert et:

1. Lued iech eng App (Adidas Running, Runtastic, Strava etc.) op ären Handy (net op den iPad!)
2. Bei all sportlecher Aktivitéit (Lafen, Spadséieren, Fitness, Inline, Reiden etc.) benotzt dir är App a maacht zum Schluss vun ärer Aktivitéit e Screenshot/Foto vun ärer Leeschtung (Minutten/Kilometer)
3. All är Screenshots/Fotoen setzt dir am Teams an d’Dateien vum Sportkanal
4. D´Aktivitéiten vun de Schüler aus enger Klass ginn dann zesummengerechent
5. De Klassenchallenge leeft ab dem 15.06.2020 bis den 12.07.2020.

Mir zéien all Woch de Bilan an zum Schluss gëtt déi Klass mat der meeschter Aktivitéitszäit belount

Vill Spaass!

 

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 20 secondes