4GPS INFAP Mbot

Publié le 07/06/2023
Dëst Trimester beschäftegen eis 4GPS-Schüler sech mat der Programmatioun vu klenge Roboteren, den Mbots. Dës Robotere gi mat der Hëllef vu Scratch programméiert, wat dank dem Blockopbau e séieren Astig an dëst interessant Thema erméiglecht. D’Schüler mussen dobäi ënnerschiddlech Aufgabe léisen, déi mol méi, mol manner komplex sinn. Fir den Ufank sollt de Roboter mol einfach geometresch Forme wéi e Carré oder e Krees fueren. Dono hunn d’Schüler probéiert de Roboter esou ze programméieren, datt hien d’Buschtawen LJBM der Rei no offiert oder dass den Mbot, wéi en Auto, d’Luuchten umécht, wann en an den Tunnel fiert, an erëm aus, wann en erauskënnt.

Résumé de la politique de confidentialité

Ce site web utilise des cookies afin de vous offrir la meilleure expérience d'utilisation possible. Les informations des cookies sont stockées dans votre navigateur et remplissent des fonctions telles que vous reconnaître lorsque vous revenez sur notre site web et aider notre équipe à comprendre quelles sections du site web vous trouvez les plus intéressantes et les plus utiles.