2. VIDEO AM KADER VUN DER SENSIBILISÉIERUNGSCAMPAGNEZUR NOHALTEGER ENTWÉCKLUNG

Publié le 29/06/2018

Virun der Vakanz hu mir am Kader vum Josy Helps! eis Sensibiliséierungscampagne zur Nohalteger Entwécklung gestart. Mat dëser Campagne wëlle mir all zwou Wochen zu engem neien Thema eng Schülerproduktioun erausginn mam Zil, déi aner Schüler wéi och d’Proffen op gewësse Problematiken opmierksam ze maachen.

Bei dëse Schülerproduktiounen handelt et sech ëm kuerz Videoen, Comics, asw., déi bis elo gréisstendeels vun eisen “Josy-Ëmwelt-Spezialisten” oder awer a Workshops op der “Journée de la solidarité” vu Schüler aus eisem Gebai entworf gi sinn. Et geet dëse Schüler drëm, en Denkustouss ze ginn an de Rescht vun der Schoulcommunautéit op gewësse Problematiken opmierksam ze maachen.

Eisen 1. Video iwwer d’Konsequenze vun den CO2-Ofgasen op eise Planéit gouf vum Pit Gaspar, Alexi Patoulis a Filip Rolla vun der 6C1 gedréint. Dëse Video war gläichzäiteg en Opruff fir bei der Campagne “Mam Vëlo op d’Schaff oder an d’Schoul” vu MVOS matzemaachen.

Dës Woch brénge mir en 2. Video eraus, dës Kéier zum Thema Offall. Dee Video gouf vum Claire Elsen, Sophie Lieffring an Ann Welter (och vun der 6C1) gedréit.

Mir soen dëse Schüler Merci fir hiren Engagement ausserhalb vum normale Cours! Jessica WILMES – 06/2018

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 10 secondes