Teambuilding Mariendall

Publié le 27/04/2023

Dëst Joer haten all eis 7e-Klassen d’Chance, fir wärend jeeweils 2 Deeg am Mariendall um Teambuilding vum SNJ (Service National de la Jeunesse) deel ze huelen. Beim Kloteren, Tandemfueren an der Escape Area konnte si hiren Teamgeescht entwéckelen a fuerderen an iwwer di eege Grenzen erauswuessen. All eis Schüler hunn immens gutt matgemaach a kënnen houfereg op sech sinn.

Mat vill Spill a Spaass hu souwuel eis Schüler wéi och hir Enseignanten an eist Personal vun eise Servicer un dësen Aktivitéiten deelgeholl a sinn esou zesummegewuess.
De Feedback vun eise Schüler war ganz positiv, sou datt mir dësen Teambuilding och an Zukunft wäerte fest an eise Schoulalldag verankeren. Mir soe jidderengem Merci, deen dobäi war, sech engagéiert an dës Aktivitéit erméiglecht huet.

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 10 secondes