Projet “Give box”

Publié le 13/06/2023

Am Kader vun der Optioun “Save our Planet” hunn d’Schüler aus eisen ieweschte Klassen 3 Joer laang (ca. 1100 Aarbechtsstonnen) un enger Etagère geschafft, déi et a sech huet. De Projet ass aus iwwert 150 m² recycléiertem Kartrong entstanen, deen d’Schüler reegelméisseg aus de Containeren am LJBM gesammelt hunn. D’Trägerplacken aus den Holzzorten Eeche Rustikal, Eschen, Indeschen Apel, Zebrano, Wenge a Bambus sinn aus FSC® (Forest Stewardship Council®) Sperrholzplacken hiergestallt ginn. Mat 3 extra fir de Besoin konstruéierte Schabloune sinn dunn déi eenzel Komponente matenee schichtweis verläimt ginn. Déi eenzel Modüllen hale mat Plexiglas-Verbinder zesummen, déi ob enger CNC-Fräs erausgefräst an duerno gefast goufen. D’Resultat kann sech weise loossen an d’Etagère huet an der Proffekonferenz eng wierdeg Plaz am Kader vum Projet “Give box” fonnt.