LJBM Table ronde: “Ausbildunge fir d’Bauwiesen: Status quo a Perspektiven”

Publié le 04/05/2023

Den 20.4. war déi vum LJBM initiéiert Table ronde zum Thema “Ausbildunge fir d’Bauwiesen: Status quo a Perspektiven”. E grousse Merci alle bedeelegte Speaker, déi an hire jeeweilege Virträg eng ganz Bandbreet u Problemer opgewisen hunn, zu deenen et mat Sécherheet leider keng einfach Léisunge gëtt. Merci dem Minister Här Claude Meisch, deen sech trotz vollem Kalenner ganz vill Zäit geholl huet, Merci dem OAI – Ordre des Architectes et des Ingénieurs-Conseils an och der Chambre des Métiers Luxembourg fir d’Matorganiséieren vun dësem spannenden Event.
Et haten och eng jett Leit aus der Privatwirtschaft an Enseignanten de Wee an de Forum da Vinci fonnt. Nëmmen alleguer zesumme kënne mir d’Problemer an dësem Ausbildungswee léisen. Éischt kuerzfristeg Schrëtt sinn déi kloer iwwerfälleg Verbesserunge vun der Infrastruktur am LJBM, deen aus allen Néit platzt. Doriwwer eraus waren déi meescht Riedner sech an engem Punkt eens: Gebraucht gëtt e Baufachkompetenzzentrum, dat dësen interessanten a wichtegen Ausbildungen endlech déi noutwenneg Visibilitéit no bausse gëtt, wéi se och fir aner Formatioune scho ginn ass (duerch z. B. eng Hotelsschoul (EHTL) fir den Horeca-Beräich).
Datt am Moment déi eenzel Ausbildungsweeër am Bauwiesen op vill verschidde Lycéeë verdeelt sinn, ass keng glécklech Situatioun. D’Virstellung vun esou engem Baufachkompetenzzentrum um Campus Mamer wier scho flott!

20 ans déjà...


20 ans de curiosité, de découvertes, d'étonnements ...
20 ans de sciences, de culture, de sports ...
20 ans d’efforts, d’épreuves, de réjouissances ...

Joyeux anniversaire!

Ceci fermera dans 10 secondes